Wéini? 21/06/2019 18:30

Wou? LUCA – Luxembourg Center for Architecture (Luxembourg)

D'Jonk BAD, ass e Studenteveräin fir Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun.

Den 21 Juli um 18h30 ass eng Table Ronde mat Schüler, Studenten a Beruffsufänger iwwer d'BAD-Beruffer; wéi ass de Beruffswonsch entstanen a wat sinn d’Erwaardungen. Dobäi gëtt iwwer Studien, Stagen, Studentenjobs an Erfarunge geschwat.

D’Participante sinn:

  • Saskia Bernardy, Datebankenentwécklerin bei INSIGMA IT
  • Antoine Jeusette, Bibliothekär-Dokumentalist am CNA 
  • Edurne Laia Kugeler, Studentin
  • Lynn Marx, Schülerin 
  • Anouk Stephano, Präsidentin vun der Jonk BAD
  • Daphné Boehles, Bibliothekärin aus dem CNL & Moderatrice vum Owend.

Dono invitéiere mir op e Patt.

Obligatoresch Reservatioun: info@jonkbad.lu oder 326955-1

Den Accès ass leider net barrièrefräi.