Ian de Toffoli (Université du Luxembourg), conférencier.

An der Seance iwwert de Lëtzebuerger Theater geet et net (just) drëms, Theaterstécker virzestellen oder verschidden Auteure literaturhistoresch ervirzehiewen, mee drëms, op sozioliterareschem Niveau en Iwwerbléck iwwert d’Entstoe vun den Theaterinstitutiounen (d’Theaterhaiser, wéi den Théâtre Municipal, de Kasemattentheater, déi allebéid 1964 gegrënnt goufen, den TOL, deen 1972 vun der Grupp ronderëm de Marc Olinger an d’Liewe geruff gëtt, etc., mee och d’Theaterfederatioun), hire jeeweilege kënschtleresche Missiounen (Kreatioun, Gaaschtspill, Sproochepolitik), wéi et zu deene komm ass an a wéi eng Richtungen se sech entwéckelt hunn, hiren Haaptacteuren (vun de Metteur en scène bis bei de Schauspiller an de Schrëftsteller) ze ginn, an sou e Lien ze maachen tëschent den ästhetesch-formelle Spannungen an dem dramatesche Schreiwen (d’Opkommen, an de 60er Joren, vun engem modernen Theater, ugefaang mat Auteure wéi dem Norbert Weber an dem Pol Greisch, méi ugepasst un déi soziopolitesch Realitéite vum Lëtzebuerger Land) an enger progressiver Professionaliséierung vun den Theaterstrukturen.

Teilnehmer haben die Möglichkeit, sich für den ganzen Zyklus einzuschreiben und so ein Zertifikat der Erwachsenenbildung vom Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la jeunesse zu erhalten.


Organisiert in Zusammenarbeit mit dem Institut für Luxemburger Sprach- und Literaturwissenschaft der Fuerschungseinheit IPSE vun der Uni Luxemburg mit der Unterstützung der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.


Tarif normal 11 EUR / Tarif jeune 5.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR