Jeanne E. Glesener (Université du Luxembourg), Referentin.

D’Lëtzebuerger Literatur kuckt mëttlerweil op eng 200-järeg Geschicht zeréck an, grad wéi déi aner Kënschten, leescht se e wichtege Bäitrag zu der Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg. Hir Entwécklung am 19. an an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert ass enk mam nationalstaatleche Prozess verbonnen.  Wat waren deemno, sou kann een sech froen, d’Viraussetzungen, fir datt zu Lëtzebuerg iwwerhaapt eng Literatur konnt entstoen? Wat ass doriwwer eraus hire Bäitrag zur Konstruktioun vun der Natioun? 
 
An enger Gesellschaft kommen der Literatur verschidde Funktiounen zou; als kulturellt Gediechtnes, als Plattform vun der Kontestatioun an als Forum fir d’Ausernanersetzung mat gesamtgesellschaftleche Prozesser registréiert a reagéiert se souwuel op politesch, wéi op wirtschaftlech, sozial a kulturell Prozesser, déi se ästhetesch duerstellt, kritesch hannerfreet an innovativ weiderdenkt. Dëst gesäit ee fir Lëtzebuerg besonnesch gutt bei den Theme vun der Industrialiséierung an der Migratioun, deenen hir Duerstellung an der Literatur mer méi am Detail wäerte kucken. Ausserdeem wäerte mer gesinn, wéi sech an der zäitgenëssescher Literatur mat der rezenter wirtschaftlecher Image-Campagne vum nation branding auserneegesat gëtt.
 

Teilnehmer haben die Möglichkeit, sich für den ganzen Zyklus einzuschreiben und so ein Zertifikat der Erwachsenenbildung vom Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la jeunesse zu erhalten.


Organisiert in Zusammenarbeit mit dem Institut für Luxemburger Sprach- und Literaturwissenschaft der Fuerschungseinheit IPSE vun der Uni Luxemburg mit der Unterstützung der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

  Tarif normal 11 EUR / Tarif jeune 5.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR