Yves Steichen (Centre National de l’Audiovisuel), Referent.

Obwuel déi éischt Radiosemissiounen a lëtzebuergescher Sprooch eréischt vum Hierscht 1959 un op der UKW-Frequenz 92,5 an ënner dem Numm Radio Lëtzebuerg diffuséiert goufen, geet d’Geschicht vun enger Radiogesellschaft zu Lëtzebuerg schonn zeréck bis an d’Zwanzeger- an Drëssegerjoren: 1929 kritt d’Société luxembourgeoise des études radiophoniques vun der Regierung eng exklusiv Lizenz fir Radiosiwwerdroungen, 1931 gëtt doraus d’Compagnie luxembourgeoise de radiodiffusion (CLR) – de Virgänger vun der 1954 gegrënnter CLT (Compagnie luxembourgeoise de télédiffusion, haut RTL Group). An den Drëssegerjoren diffuséiert d’CLR vu Jonglënster aus (hir Zentral gëtt 1932 d’Villa Louvigny) Emissiounen a franséischer, däitscher an englescher Sprooch an déi respektiv Länner, bis déi däitsch Besatzungsmuecht de Radiosender während de Krichsjore kontrolléiert. An de Fofzegerjoren expandéiert d’CLT an Europa an diffuséiert niewent verschiddesproochege Radio- elo och Fernsehemissiounen; säit 1996 leeft e 24-Stonne-Programm ënnert dem Numm RTL Radio Lëtzebuerg. Duerch d’Liberaliséierung vun de Frequenzen (1991) sinn eng Rëtsch vun neie Radiosenderen entstanen, déi de Monopol vun RTL gebrach hunn, z.B. de radio 100,7 – deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Sender zu Lëtzebuerg –, den Eldoradio, Radio Ara oder Radio Latina. Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Zeitungslandschaft ass et, dass déi zentral Dageszeitunge generell enger bestëmmter politescher oder reliéiser Stréimung no stinn a vun hir matfinanzéiert ginn – eng Tatsaach, déi erkläert, wisou um Territoire vum Grand-Duché net manner wéi sechs Dageszeitungen (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Le Quotidien an L’Essentiell) gemeinsam existéiere konnten a kënnen. D’Aféierung vun enger staatlecher Pressehëllef (1976) huet d’Offer bei der geschriwwener Press diversifiéiert an dozou gefouert, dass doniewent och Wochenzeitungen (d'Lëtzebuerger Land, Woxx, Le Jeudi, Contacto, Den neie Feierkrop) an Zeitungen, déi eemol de Mount erschéngen (Forum, Paperjam), regelméisseg kënne produzéiert ginn. Niewent linguistesche Froe sinn et an deene leschte Joren awer virun allem den Internet an déi sozial Medie wéi Twitter a Facebook, déi d’Radios- an Zeitungswiese gläichermoossen erausgefuerdert an dobäi och zu neie Forme vu Journalismus gefouert hunn, wéi z.B. dem Projet Reporter.lu, am Joer 2017 gegrënnt a finanzéiert iwwer eng Crowd-Funding-Initiativ. Dës Konferenz soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck iwwer d’Geschicht an déi technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser beim Radio a bei der geschriwwener Press am 20. an 21. Joerhonnert ginn.

Teilnehmer haben die Möglichkeit, sich für den ganzen Zyklus einzuschreiben und so ein Zertifikat der Erwachsenenbildung vom Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la jeunesse zu erhalten.


Organisiert in Zusammenarbeit mit dem Institut für Luxemburger Sprach- und Literaturwissenschaft der Fuerschungseinheit IPSE vun der Uni Luxemburg mit der Unterstützung der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

Tarif normal 11 EUR / Tarif jeunes 5.5 EUR / Kulturpass 1.5 EUR