Poste fir e Mataarbechter/in am kreativen a pädagogesche Beräich, 20-40 Stonnen d‘Woch / CDI am Centre Formida zu Esch. 

“Hues du Loscht Jugendlecher an der Entwécklung vun hirem individuelle Liewensprojet op eng kreativ a nohalteg Aart a Weis ze ënnerstëtzen?”

Deng Responsabilitéiten:

Eng kreativ Approche entwéckelen fir verschidde Kompetenze bei de Jugendlechen ze aktivéieren an ze förderen. Mam Ziel fir mat hinnen e passende Projet (Schoul, Beruff) ze fanne

Aktiv matzedenken an ze handelen zu onser Grondhaltung “ Vum Verbrauchen zum Gebrauchen” nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft

Däi Profil

Du hues een Diplom an engem kreativen oder pädagogesche Beräich:

z.b: Theaterberäich,

Erliefnespädagogik oder Medien an hues pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

Du bass bereet am direkte Kontakt mat Jugendlechen an enger Dagesstruktur däi Wësse kreativ anzesetzen

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen

Schéck deng Kandidatur mat Referenz (Réf/PED/FOR), CV, Foto, Diplom a Motivatiounsbréif per e-mail un jobs@arcus.lu

oder schrëftlech op arcus asbl / Service Recrutement

2, Place de Strasbourg

L-2562 Luxembourg

www.arcus.lu

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Apply for this job