Poste fir e Mataarbechter/in am kreativen a pädagogesche Beräich, 20-40 Stonnen d‘Woch / CDI am Centre Formida zu Esch.
“Hues du Loscht Jugendlecher an der Entwécklung vun hirem individuelle Liewensprojet op eng kreativ a nohalteg Aart a Weis ze ënnerstëtzen?”
Deng Responsabilitéiten:
Eng kreativ Approche entwéckelen fir verschidde Kompetenze bei de Jugendlechen ze aktivéieren an ze förderen. Mam Ziel fir mat hinnen e passende Projet (Schoul, Beruff) ze fanne
Aktiv matzedenken an ze handelen zu onser Grondhaltung “ Vum Verbrauchen zum Gebrauchen” nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft
Däi Profil
Du hues een Diplom an engem kreativen oder pädagogesche Beräich:
z.b: Theaterberäich,
Erliefnespädagogik oder Medien an hues pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen
Du bass bereet am direkte Kontakt mat Jugendlechen an enger Dagesstruktur däi Wësse kreativ anzesetzen
Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen
Schéck deng Kandidatur mat Referenz (Réf/PED/FOR), CV, Foto, Diplom a Motivatiounsbréif per e-mail un jobs@arcus.lu
oder schrëftlech op arcus asbl / Service Recrutement
2, Place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)