“Hues du Loscht Jugendlecher an der Entwécklung vun hirem individuelle Liewensprojet op eng kreativ a nohalteg Aart a Weis ze ënnerstëtzen?”

Deng Responsabilitéiten:

Eng kreativ Approche entwéckelen fir verschidde Kompetenze bei de Jugendlechen ze aktivéieren an ze förderen. Mam Ziel fir mat hinnen e passende Projet (Schoul, Beruff) ze fanne

Aktiv matzedenken an ze handelen zu onser Grondhaltung “ Vum Verbrauchen zum Gebrauchen” nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft

Däi Profil

Du hues mindestens ee CATP/DAP am Beräich Elektronik, Schlässerei oder Logistik an hues pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

Bereetschaft sech pädagogesch weiderzebilden

Du bass bereet am direkte Kontakt mat Jugendlechen an enger Dagesstruktur ze schaffen

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an/oder Franséisch schwätzen

Schéck deng Kandidatur mat Referenz (Réf/HW/FOR), CV, Foto, Diplom a Motivatiounsbréif per e-mail un jobs@arcus.lu oder schrëftlech op

arcus asbl / Service Recrutement, 2, Place de Strasbourg, L-2562 Luxembourg

www.arcus.lu

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)